PRODUITEN

Komposter

Niewent der grénger Tonn hutt Dir d’Méiglechkeet, e Komposter an Ärem Gaart opzesetzen. De Komposter verschafft Biomüll, geméintent Gras, Blieder a souguer kleng Äscht a Sträicher. Esou produzéiert Dir e wäertvollen Blummebuedem, deen Dir an Ärem Héichbeet benotze kënnt.
D’Virdeeler vun engem Komposter:
• Aktive Bäitrag zur Verwäertung vun Ärem organeschen Offall
• Gewënnung vu selwer produzéiertem, qualitativem Blummebuedem
• Besser Notzung vun Ärer grénger Tonn bei grousse Quantitéiten (Gras/Blieder)

Einfachen Komposter
150 cm x 150 cm x 120 cm (Breet/Längt/Héicht)
Amovibel Front
Volume: ca. 2,4 m3
Holz: Douglasie/Déckt: 4 cm
Holzstruktur: Onbehandelt
als Kit € 350,00 inkl. TVA
montéiert € 400,00 inkl. TVA

Duebelen Komposter
150 cm x 300 cm x 120 cm (Breet/Längt/Héicht)
Amovibel Front
Volumen: ca. 5 m3
Holz: Douglasie/Déckt: 4 cm
Holzstruktur: Onbehandelt
als Kit € 550,00 inkl. TVA
montéiert € 600,00 inkl. TVA

Net am Präis mat abegraff: Installatioun op der Plaz € 15 pro Stonn

montéiert € 400,00 inkl. TVA